Haut op engem 29. Abrëll...

Lauschtert eran!

Um 29. Abrëll 1995 stoungen Take That mam Titel „Back for Good“ fir ganzer 5 Wochen op der Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker. D’Lidd war op hirem 3. Studio-Album „Nobody Else“ drop. Am Joer drop hat „Back for Good“ bei de BRIT-Awards de Präis an der Kategorie „Best British Single“ gewonnen a gouf och de „Song vum Joer“ vum amerikanesche Billboard-Magazine. Fir d’Kompositioun hat de Gary Barlow och en Ivor Novello Award gewonnen, dee wichtegste brittesche Präis fir Komponisten a Songwriter.

Virun 2 Joer stoung den Drake mat „Nice For What“ un der Spëtzt vun den US-Singles-Charts. De Song war um Drake sengem Rekord-Album „Scorpion“ drop.

Op engem 29. Abrëll waren dann och nach zwee gréisser Concerten hei zu Lëtzebuerg. 2010 war di däitsch Pop-Sängerin Nena op Besuch an der Rockhal. Mat weltwäit ronn 25 Millioune verkaafte Placken zielt hatt zu deenen erfollegräichste Kënschtlerinnen an der däitscher Musek-Geschicht.

7 Joer méi spéit, um 29.04.2017, huet de Feder am Atelier opgeluecht. Den Hadrien Federiconi, ewéi hie mat biergerlechem Numm heescht, ass e franséischen DJ, dee virun allem am Deep-House-Beräich doheem ass.