Haut op engem 30. Abrëll...

Lauschtert eran!

Um 30. Abrëll 1983 stoung de Michael Jackson mat sengem Titel „Beat It“ fir 3 Wochen op der Plaz 1 an den US-Singles-Charts. D’Lidd war eng vun de Single-Auskopplunge vum Jacko sengem 6. Studio-Album „Thriller“. Mat iwwer 65 Millioune Sales ass „Thriller“ bis haut dee meescht-verkaaften Album vun allen Zäiten. Bei de Grammy-Awards 84 sollt de King of Pop fir de Longplayer ganzer 8 Präisser gewannen, och haut nach ëmmer absolutte Rekord.

Haut viru genee 10 Joer hunn Die Fantastischen Vier hire Song „Gebt uns ruhig die Schuld (den Rest könnt ihr behalten)“ erausbruecht. Den Titel war eng vun de Single-Auskopplunge vun hirem 8. Studio-Album „Für dich immer noch Fanta Sie“.

7 Joer sinn et dann hier, datt di amerikanesch Musekerin Lana Del Rey hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt huet. D’Sängerin huet deemools säin 2. Studio-Album „Born To Die“ presentéiert, mat deem hatt och de groussen Duerchbroch gefeiert hat. Mat drop si Lidder ewéi „Summertime Sadness“, „Blue Jeans“ oder „Video Games“.D’lescht Joer am August huet d’Lana del Rey säin aktuellen a 6. Longplayer mam Titel „Norman Fucking Rockwell“ erausbruecht, mat deem hatt och bei de Grammy Awards nominéiert war.