Haut op engem 1. Mee...

Lauschtert eran!

Haut feiert di franséisch Kënschtlerin Zaz säi ronne 40. Gebuertsdag. Bekannt ginn ass hatt virun allem duerch den Titel „Je Veux“ deen op sengem Debut-Album drop war. Typesch: De Mix aus Chanson, Soul an Jazz an natierlech seng krazeg Stëmm. Säi musikalescht Talent huet d’Zaz och schonn e puer Mol op de Bünen hei zu Lëtzebuerg ënner Beweis gestallt, ënnert anerem d’lescht Joer am Mäerz an der Rockhal.

Um Dag vun der Aarbecht am Joer 2005 hat de Matchbox-Twenty-Sänger Rob Thomas et mat sengem éischte Solo-Album „Something To Be“ un d’Spëtzt vun den amerikaneschen Charts gepackt. Mat drop ass ënnert anerem den Titel „Lonely No More“. De Rob Thomas war a senger Karriär och als Songwriter aktiv, hien huet ënnert anerem fir de Mick Jagger geschriwwen an hie krut 3 Grammys well en um Santana senger Single „Smooth“ matgewierkt hat.

4 Joer sinn et dann hier, datt den US-Rapper Desiigner mat sengem „Panda“ e weltwäiten Hit lande konnt. Beim Titel handelt et sech allerdéngs net em d’Déier, mee ëm e BMW-Modell, deem säin Ausgesinn a seng Faarf engem Panda änelen.