Haut op engem 2. Mee...

Lauschtert eran!

Op engem 2. Mee waren zwee gréisser Concerten hei zu Lëtzebuerg. Ugefaange mat Madcon, den Duo war 2009 op Besuch am Atelier. Bekannt ginn sinn di zwee duerch Hits ewéi „Beggin’“, „Liar“, „Freaky Like Me“ oder „Glow“.

Am Joer drop, um 2.05.2010, sinn du Fettes Brot live an der Rockhal opgetrueden. Fettes Brot hu mat dofir gesuergt, datt Hip-Hop an den 90er Joren an Däitschland populär ginn ass.

Haut viru 5 Joer stoung de Shawn Mendes mat sengem Debut-Album „Handwritten“ op der Plaz 1 an den amerikaneschen Album-Charts. Mat drop ass ënnert anerem d’Single „Stitches“, mat där hien och säi groussen Duerchbroch feiere konnt. Zesumme mat senger Partnerin dem Camila Cabello hat de Shawn Mendes 2019 de Summer-Hit „Senorita“.

12 Joer sinn et dann haut hier, datt d’Madonna an den Justin Timberlake mat hirem Titel „4 Minutes“ un der Spëtzt vun den däitsche Singles-Charts stoungen. D’Lidd war weltwäit e groussen Erfolleg. Nieft Däitschland haten di zwee et mat „4 Minutes“ nach an 20 anere Länner op d’Eent an den Charts gepackt, dorënner Australien, Kanada oder Groussbritannien.