Haut op engem 3. Mee...

Lauschtert eran!

Haut wier den amerikanesche Museker a Schauspiller Bing Crosby 117 Joer al ginn. Haut ass hie virun allem nach duerch seng Chrëschtlidder bekannt. De 14. Oktober 1977 ass de Crosby un Häerzversoe gestuerwen.

87 Joer hätt dann haut de „Godfather of Soul“, den James Brown gefeiert. 17 Nummer-1-Hits, Member an der R&B, Songwriters a Rock and Roll Hall of Fame – kuerz gesot, de Brown ass ee vun de gréissten Artisten iwwerhaapt.

Um 3. Mee 1973 ass de Rea Garvey zu Tralee an Irland op d’Welt komm, hie kritt also haut 47 Joer. De Garvey war de Front-Mann vun der däitscher Band Supergirl, déi sech 2010 opgeléist huet. Zanterhier ass hien als Solo-Kënschtler ënnerwee. Viru kuerzem war de Rea Garvey och an der Jury vun der TV-Show „The Masked Singer“ ze gesinn.

Haut virun 23 Joer stoung den Notorious B.I.G. mat sengem Titel „Hypnotize“ un der Spëtzt vun den US-Singles-Charts, dat fir 3 Wochen. D’Lidd war um Biggie sengem posthumen Album „Life After Death“ drop. Den Notorious B.I.G. war ee vun den Haaptacteuren am legendären East-Coast- /West-Coast-Konflikt. D’Situatioun war eskaléiert, ewéi den Tupac Shakur am September 96 a sengem Auto ugeschoss gouf an duerno verstuerwen ass. Am Joer duerno, den 9. Mäerz 97, gouf de Biggie du selwer Affer vun enger Schéisserei.