Haut op engem 4. Mee...

Lauschtert eran!

Um 4. Mee 1974 stoungen ABBA mat hirem Titel „Waterloo“ op der Plaz 1 an de UK-Singles-Charts. Et war hiren éischte vun am Ganzen 9 Nummer-1-Hits a Groussbritannien. Mat „Waterloo“ sollten ABBA an deem Joer och de Eurovision Songcontest fir Schwede gewannen. D’Lidd, dat ufanks „Honey Pie“ hätt sollen heeschen, gouf 2005 am Kader vum 50. Anniversaire vum ESC och zu deem beschte Song an der Geschicht vum Concours gewielt.

Haut virun 22 Joer haten Die Ärzte et mat „Männer sind Schweine“ fir ganzer 8 Wochen op d’Eent an den däitschen Charts gepackt. D’Lidd war op hirem 8. Studio-Album „13“ drop. Ganz interessant ass och de Musek-Video vu „Männer sind Schweine“. Doran ze gesinn ass eng Schéisserei tëscht der Videospill-Heldin Lara Croft an de Band-Memberen, déi d’Ärzte zum Schluss verléieren.

7 Joer sinn et dann hier, datt Daft Punk mam Song „Get Lucky“ fir 4 Wochen un der Spëtzt vun eisem Eldoradio Chartbreaker stoungen. No 8 Joer Paus hat de franséischen House-Duo am Mee 2013 hire 4. Album „Random Access Memories“ erausbruecht, „Get Lucky“ war di éischt Single-Auskopplung doraus. Bei de Grammy Awards 2014 konnten Daft Punk zwou vun deene 4 Haaptkategorië gewannen.