Haut op engem 5. Mee...

Lauschtert eran!

Um 5. Mee 1984 stoung de Phil Collins mat der Single „Against All Odds (Take A Look at Me Now) op der Plaz 1 an de brittesch Single-Charts. Et war de Soundtrack vum Taylor Hackford sengem Thriller mam selwechten Numm. D’Lidd ass bei den Opnamen fir dem Collins säin Solo-Debut-Album „Face Value“ entstanen, hat et awer net mat drop gepackt. „Against All Odds“ sollt dem Phil 1985 och e Grammy Award abréngen a war am selwechte Joer och fir en Oscar nominéiert, hat awer do géint „I Just Called To Say I Love You“ vum Stevie Wonder verluer. Viru kuerzem hunn de Phil Collins a seng Band Genesis hir grouss Reunion annoncéiert. Enn dës Jores wäerte si op grouss UK-Tour goen.

14 Joer sinn et hier, datt d’Red Hot Chili Peppers hiren 9. Studio-Album „Stadium Arcadium“ erausbruecht hunn. Et war en Duebel-Album, op deem ënnert anerem d’Titelen „Tell Me Baby“, „Snow“ an „Dani California“ drop waren. De Bassist Flea sot eng Kéier an engem Interview vum Rolling-Stone-Magazine, datt den Album bei wäitem dat Bescht wär, wat d’Band jee gemaach hätt. Och bei de Kritiker ass „Stadium Arcadium“ immens gutt ukomm. An den Charts haten d’Red Hot Chili Peppers et mam Longplayer an etleche Länner op d’Eent gepackt, dorënner d’USA, Groussbritannien an Däitschland. Bei de Grammy Awards 2007 konnt d’Band 6 Präisser mat heem huelen.

Haut virun 8 Joer stoungen Of Monsters And Men mat hirem bis haut gréissten Erfolleg „Little Talks“ fir 3 Wochen un der Spëtzt vun eisem Eldoradio Chartbreaker. Of Monsters And Men sinn eng islännesch Indie-Rock Band, déi 2007 gegrënnt gouf.