Haut op engem 6. Mee...

Lauschtert eran!

Haut viru 25 Joer hunn Oasis mat „Some Might Say“ hiren éischten Nummer-1-Hit a Groussbritannie gefeiert. D’Lidd war di éischt Single-Auskopplung vum legendären 2. Oasis-Studio-Album „(What’s the Story) Morning Glory?“. Mat deem Longplayer hunn Oasis den Erfolleg vun hirem Debut-Album bei wäitem iwwertraff, besonnesch natierlech duerch d’Titelen „Don’t Look Back in Anger“ a „Wonderwall“. D’Band gehéiert zu deenen erfollegräichste Vertrieder vum sougenannte Brit-Pop a war och bekannt duerch d’Rivalitéit vun den zwee Bridder Liam an Noel Gallagher.

11 Joer sinn et hier, datt Depeche Mode an der Rockhal gespillt hunn. Et ass bis haut ee vun deene Concerte, déi hei zu Lëtzebuerg am schnellsten ausverkaaft waren. Di englesch Band huet deemools hiren 12. Album „Sounds of the Universe“ presentéiert. Depeche Mode, dacks betitelt als „The most popular electronic band the world has ever known“, gehéiert mat iwwer 100 Millioune verkaafte Placken zu deenen erfollegräichste Bands iwwerhaapt.

An um 6. Mee 2017 hat d’Alice Merton et mat „No Roots“ fir 3 Wochen un d’Spëtzt vun eisem Eldoradio Chartbreaker gepackt. „No Roots“ war dem Alice Merton seng Debut-Single mat där hatt direkt de groussen Duerchbroch feiere konnt.