Haut op engem 7. Mee...

Lauschtert eran!

Haut viru 26 Joer stoung de Prince mat der Single „The Most Beautiful Girl in the World“ fir ganzer 6 Wochen op der Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker. Den Titel war op sengem 17. Studio-Album „The Gold Experience“ drop. De Prince ass sécherlech ee vun deene gréissten Artisten aus der Museks-Geschicht, 1984 konnt hie mat „Purple Rain“ de groussen Duerchbroch feieren. Am Laf vu senger Karriär huet hien iwwer 100 Millioune Placke verkaaft, 7 Grammy-Awards, 1 Golden Globe an etlech aner Präisser gewonnen.

Eng weider Nummer Eent aus eisem Eldoradio Chartbreaker: Um 7. Mee 2005 haten d’Black Eyed Peas et mat „Don’t Phunk With My Heart“ fir 6 Wochen op d’Eent gepackt. „Don’t Phunk With My Heart“ ass um 4. Black-Eyed-Peas-Album „Monkey Business“ drop. Am Lidd geet et ëm eng Bezéiung an där deen een Schluss mécht an deen aneren et net gleewe kann.

Ee Joer duerno, um 7.05.2006, stounge Snow Patrol op der Eent an de UK-Album-Charts. Dat mat hirem 4. Longplayer „Eyes Open“, op deem ënnert anerem den Titel „Chasing Cars“ mat drop ass. Den 8. Juli hätte Snow Patrol sollen hei zu Lëtzebuerg eng Open-Air-Show am Haff vun der Abtei Neimënster spillen. Och dee Concert ass wéinst dem Coronavirus natierlech ofgesot ginn.