Haut op engem 8. Mee...

Lauschtert eran!

Haut feiert de spuenesche Museker Enrique Iglesias säi 45. Gebuertsdag. Am Laf vu senger Karriär huet den Iglesias 10 Alben erausbruecht a konnt eng Rei grouss Hits landen, dorënner „Bailando“. Zanter 2001 ass den Iglesias bestuet an ass ufanks des Jores fir di drëtte Kéier Papp ginn.

Genee 10 Joer sinn et dann hier, datt Train mam Titel „Soul Sister“ fir 2 Wochen op der Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker stoungen. Train war eng amerikanesch Alternative-Band, déi 1994 zu San Francisco gegrënnt ginn ass a fir hire Musek-Stil Country, Rock a vill aner Genre matenee vermëscht hunn. Nieft „Soul Sister“ hate si och ënnert anerem mat de Lidder „Drops of Jupiter“ an „Drive By“ Succès.

Um 8. Mee 2013 hu Billy Talent hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt. De Concert hätt u sech schonn am Januar vun deem Joer stattfannen, mee well et en Trauerfall am Ëmfeld vun der Band gouf, ass de Concert op den 8. Mee verréckelt ginn. An och hiren aktuelle Concert hei zu Lëtzebuerg, de 26 Mee an der Luxexpo The Box, muss wéinst där aktueller Situatioun verluecht ginn.