Haut op engem 9. Mee...

Lauschtert eran!

Haut feiert de „Piano Man“ Billy Joel säin 71. Gebuertsdag. Hie gehéiert zu deenen erfollegräichste Museker iwwerhaapt. Bal jidderee kennt seng Hits ewéi „Uptown Girl“, „Just the way you are“ oder „We didn’t start the fire“. Och haut nach sëtzt de Billy Joel viru sengem Piano a schreift nei Musek. Ob mir awer jee nach eng Kéier eppes dovunner ze héiere kréien, weess just hie selwer.

27 Joer sinn et hier, datt den däitsche Sänger Alexander Nestor Haddaway mat senger Single „What Is Love“ fir 9 Wochen um Stéck un der Spëtzt vun den éisträichesche Singles-Charts stoung. Den Haddaway gëlt haut als One-Hit Wonder, mat kengem vu senge spéidere Lidder konnt hien un deen Erfolleg uknäppen. Den 90er-Hit „What Is Love“ ass awer och haut nach ëmmer vill gefrot: Et ginn etlech Remixen a Cover-Versiounen an et gëtt och emol gär e Sample doraus benotzt.

Um 9. Mee 1998 stoung de Falco mat sengem „Out Of The Dark“ fir 1 Woch op der Eent an eisem Eldoradio Chartbreaker. D’Lidd war am Mäerz 98, kuerz nom Falco sengem Dout, posthum verëffentlecht ginn. De Museker war bei engem Autosaccident an der Dominikanescher Republik ëm d’Liewe komm.