Haut op engem 10. Mee...

Lauschtert eran!

Haut feiert den iresche Museker Bono säi ronne 60. Gebuertsdag. Hien ass bekannt als Front-Mann vun der Rock-Band U2. Zesumme mat U2 huet de Bono am Laf vu senger Karriär 14 Studio-Alben erausbruecht, ronn 170 Millioune Placke verkaaft an 22 Grammy Awards gewonnen, esou vill ewéi soss keng aner Band. 2005 gouf d’Band, déi ursprénglech emol „Feedback“ an „The Hype“ geheescht huet, och an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl.

Um 10. Mee 1986 stoungen d’Pet Shop Boys mat hirem Titel „West End Girls“ op der Plaz 1 an den US-Singles-Charts. D’Geschicht vun de Pet Shop Boys huet an engem Elektro-Buttek an der Londoner King’s Road ugefaangen, ewéi den Neal Tennant sech e Kabel fir säin éischte Synthesizer kaaft huet an do dem Chris Lowe begéint ass. Di zwee hunn hir Telefonsnummeren ausgetosch, sech dräi Deeg méi spéit getraff an decidéiert eng Band ze grënnen. D’Pet Shop Boys gehéiere mat iwwer 100 Millioune verkaafte Placken zu deenen erfollegräichste brittesche Pop-Duoen.

An haut viru 6 Joer huet de Sean Paul hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt. Och dëst Joer de 7. Abrëll hätt den jamaikanesche Museker sollten am Grand-Duché optrieden. De Concert gouf jo awer bekanntlech ofgesot.