Haut op engem 11. Mee...

Lauschtert eran!

Haut ass den 39. Doudesdag vun der Reggae-Legend Bob Marley. Hien ass den 11. Mee 1981 am Alter vun nëmme 36 Joer un Hautkriibs gestuerwen. De Marley hat am Laf vu senger Karriär 11 UK-Top-40-Hits, dorënner „No Woman No Cry“. De posthume Compilation-Album „Legend“ ass mat iwwer 20 Millioune Sales dee meescht-verkaafte Reggae-Album iwwerhaapt, vum Time Magazine och zum gréissten Album vum 20. Joerhonnert gewielt ginn.
Nieft sengem musikalesche Wierk huet de Bob Marley de Message vun der Rastafari-Beweegung verbreet an ass och haut nach fir déi Unhänger a vill Mënschen aus der Drëtter Welt eng wichteg IdentifikatiounsFfigur. 1990 ass de 6. Februar ass an Jamaika zum Feierdag gemaach ginn, fir dem Marley senger Gebuert ze gedenken.

Virun 2 Joer stoungen de Calvin Harris an d’Dua Lipa mat hirer gemeinsamer Single „One Kiss“ un der Spëtzt vun de brittesche Singles-Charts.
No sengem risegen Erfolleg als DJ am Mainstream-Genre mat Lidder ewéi „I Need Your Love“, „This Is What You Came For“ oder „Giant“, ass den Harris zanter kuerzem ënnert dem Kënschtler-Numm „Love Regenerator“ ënnerwee a probéiert en neien ale Sound aus. Hie mécht nämlech elo Acid House, en Trend aus den 80er an 90er Joren, deen Techno-, House- a Rave-Sound kombinéiert. D’Dua Lipa huet séngersäits Enn Mäerz säin 2. Studio-Album „Future Nostalgia“ erausbruecht, deen esouwuel bei de Kritiker ewéi och bei senge Fans immens gutt ukomm ass.