Wärend dem Deconfinement lafe verschidden Online-Initiativen weider, nei dëse Mount sinn awer och Drive-In-Concerten.

Zesumme mam Atelier organiséiert d'Gemeng Péiteng dëse Mount e puer Drive-In-Concerten. De 16. Juni wäert di Lëtzebuerger Band Mad Fox optrieden, den 19. Juni d’Dëppegéisser , an de 27. Juni de Serge Tonnar. Highlight ass de Concert vum däitsche Museker Tim Bendzko den 22. Juni. Ticketen ginn et op carena.lu an atelier.lu

D’Organisateuren vum Atelier  deele weiderhin och all Dag op hirer Facebook-Säit ee vun hire Liblingsconcerten, vu Radiohead iwwer Queen bis hin zu den Arctic Monkeys.

D’Rockhal huet am September hir éischt Concerten programméiert. Bis dohin erënnert d’Equippe op hirer Facebook-an Insta-Säit mat Biller un hir Liblingsconcerten aus de leschte Joren, wéi zum Beispill de Rag’n’Bone Man, oder Sting.

D‘ Philharmonie huet virun e puer Deeg de Programm vun der neier Saison virgestallt. Mëtt September fänkt d‘Concertssaison hei un. Bis dohin fiert ee wieder mat der Initiative „Phil doheem“ a bitt den Nolauschterer eng digital musikalesch Rees duerch Europa.

Et ginn deemno genuch Méiglechkeeten fir sech entweder e bësse Concertsfeeling an d’Haus ze huelen oder bei engem vun den éischten Drive-In-Concerten hei am Land mat dobäi ze sinn.