De Concert vum Gentleman ass bis op Weideres dee leschte Concert an der Carena zu Péiteng. Mee och de Rescht vum Mount sinn e puer live Showe geplangt.

D’Lëtzebuerger Jazz-Sängerin Claire Parsons spillt de 15. Juli zesumme mam Eran Har Even Duo e Concert an der Abtei Neimënster. Wéinst de Corona-Restriktiounen ass et e Concert am Sëtzen. Leit déi wëlle beienee setzen, mussen hiren Ticket zesumme kafen.

Da spillt och d’Sängerin Nicool dëse Mount e Concert an der Abtei Neimënster . E Méindeg den 20. Juli spillt hatt hei ënner anerem seng aktuell Single "Stolz".

Weider geet et da méi elektronesch mat enger Live Show vum Elektro-Producer Victor Ferreira alias Sun Glitters. Mat Remixe fir international bekannte Bands an Optrëtter weltwäit huet hie sech an de leschte Joren en Numm gemaach. Den 30. Juli kënnt der hien live an der Abtei Neimënster gesinn.

Wärend dem Deconfinement lafen och verschidden Online-Initiativen nach weider. Mat der Initiative „Phil doheem“  bitt d’Philharmonie den Nolauschterer eng digital musikalesch Rees duerch Europa. De 16. Juli zum Beispill kritt der ee Concert vum Francesco Tristano ze gesinn.

Et ginn deemno nach ëmmer Méiglechkeeten fir sech de Concertsfeeling an d’Haus ze streamen, awer och live Showen fänken ënner strenge Reegelen lues a lues nees un.