Dëse Mount hunn e puer Lëtzbeurger Bands hir Release-Party.

Dëse Samschdeg 3. Oktober 2020 presentéiert d'Claire Parsons sain neien Album "Geometry" live dem Publikum. Hat wäert deen Dag live an der Schungfabrik zu Téiteng ze gesi sinn.

Den Atelier organiséiert dësen Donneschdeg e Concert vum Hania Rani. Di polnesch Singer/Songwriterin huet zejoert hiren éischten Album eraus bruecht a presentéiert deen elo live zu Lëtzebuerg, en Donneschdeg op der Schmelz zu Diddeleng.

An de Rotonden ass den 22. Oktober en Elektro-Concert vum franséische Multiinstrumentalist Chapelier Fou. Dësen Elektro-Kënschtler ass schonn 12 Joer ënnerwee a kuckt op eng grouss Diskographie zréck, an och live bitt eng eng impressionnant Show, D’Oweskeess kascht 15 Euro.

Di Lëtzebuerger Bluesrockband Heavy Petrol hëlt hir Release Party dëse Mount no.  Freides den 30 . Oktober presentéieren d‘Museker hiren Album “The Last barrel“ an der Kufa.