Den Tom Grennan kënnt d'nächst Joer zréck op Lëtzebuerg

2018 war den Tom Grennan live am Atelier ze gesinn. D'nächst Joer kënnt de brittesche Songwriter zréck op Lëtzebuerg fir e Concert den 28. Abrëll an d'Rotonden.

Mat dobäi huet hien all seng grouss Hits, wéi "This is the place", "Found What I've Been Looking For" a "Something In The Water".

De Virverkaf fänkt e Méindeg de 5. Oktober um 10h un - um Internetsite