Wéinst den neie Corona-Restriktiounen goufen di geplangten Live Optrëtter dëse Mount annuléiert. Dat eenzegt, wat méiglech ass, sinn online Eventer.

Ënnert dem Motto Pop Up Sessions proposéiert d‘Rockhal zesumme mam Rocklab eng Serie vun online Concerten, déi mat lokalen Artisten op aussergewéinleche Plazen opgeholl goufen. Um Youtube Channel vun der Rockhal grad wéi op Post TV kann ee sech  déi éischt Concerten ukucken. Et handelt sech em live Showen vun der Alternative Rockband Francis of Delirium a vum Rapper Napoleon Gold. Den 9. Dezember geet ausserdeem nach e Concert vum Grund Club online.

Och d’Rotonden hunn hir Concerte bis Mëtt Dezember missen annuléieren. Wann den aktuelle Lockdown bis dohin opgehuewen ass, kënnt der Freides 18. Dezember an de Rotonden e Concert vum Schwäizer Trio Schnellertollermeier gesinn- een Trio deen zanter 12 Joer mat engem minimalisteschen, elektroneschen Avant-Garde Sound iwwerzeegt.

Vun internationale Bands gëtt et dëse Mount nees e sëllege Livestreams. De Mike Shinoda vu Linkin Park zum Beispill bitt all Dag e Livestream. Och Nick Cave and the Bad Seeds streamen all Dag Interviewen, Videoen an exklusiivt Material. Metallica weisen eemol d’Woch op YouTube e Concert aus hirem Archiv. Tatsaach ass awer, dass d‘Concertsasion 2020 wéinst der Corona-Pandemie gréisstendeels ausgefall ass. Hëlleft mat a spent grad deene klenge Bands ee klengen Entrée bei hire Streaming Concerten. Just esou packen si et duerch des Kris.