Den Amy Mcdonald-Concert gëtt wéinst der Pandemie verréckelt.

D'Amy Macdonald hätt sollen de 27. Abrëll e Concert an der Rockhal spillen. Wéinst der Corona-Pandemie muss dee Concert verréckelt ginn.

Wéi d'Organisateuren vum Atelier matdeelen, soll dee Concert elo de 4.3.2022 ofgehale ginn.

All d'Tickete bleiwe fir deen neien Datum gülteg.