Den Atelier bréngt di legendär däitsch Techno-Band Scooter live an d'Rockhal.

Wéi d’Band Scooter 1994 hiert Lidd “Hyper Hyper” eraus bruecht huet, war de Eurodance-Sound ugesot. Artiste wéi Haddaway an DJ Bobo hunn den Toun uginn. Dass een Techno-Song wéi „Hyper Hyper“ géing een Hit ginn, domat hat kee vun de Bedeelegte gerechent. Schliisslech hu Scooter schonn zanter den 80er Joren ouni Erfolleg probéiert, mat Musek Suen ze verdéngen.

Mee trotz groussem Erfolleg an den Charts an ausverkaafte Concerte ware Scooter an der DJ-Seene als éischt ëmstridden. Mat Begrëffer wéi Kiermes- oder Autoscooter-Techno goufe si qualifizéiert. Och d‘Musekspress huet kee gutt Hoer un der Band gelooss an vun engem One-Hit-Wonder geschwat. Wéi sech spéider gewisen huet, war dat allerdéngs eng komplett falsch Aschätzung.

Eng Band, déi sech trei bleift

Geännert huet dat sech eréischt am aktuelle Joerdausend, wéi däitlech gouf, dass een d‘Band vum Frontmann H.P. Baxxter net einfach ofschreiwe kéint.  Am Laf vun de Joren huet d’Band een Hit nom aneren eraus bruecht- a blouf dobäi hirem musikalesche Stil trei. Och d‘Texter an d’Songtitelen, déi iwwerraschend déifgrënneg waren, hunn den Niveau gehalen.

Bis 2000 hunn d’Jongen Hits eraus bruecht wéi "Move Your Ass!" an "How Much Is The Fish?" Mëttlerweil hale Scooter souguer e Rekord mat méi wéi 20 Singelen, déi si an den däitschen Top 10 placéiere konnten, nieft e sëllege Präisser déi si an hirer Carrière kasséiere konnten.

A Pensioun goe wëlle si nach laang net  

Den H.P. Baxxter huet iwwregens nach laang net wëlles, de Mikro aus der Hand ze leeën. A Pensioun ze goen, kann dee 57 Joer ale Sänger sech net virstellen. Soulaang et nach Spaass mécht an d‘Fans hie wëlle lauschteren, mécht hie weider. An deem Sënn huet hien dëst Joer mat senger Band ënnert dem Titel "God Save The Rave" hire 17. Album eraus bruecht.

Den 22. Mäerz 2022 komme Scooter mat deem Album live an d’Rockhal.

De Virverkaf fänkt e Freideg den 19. Mäerz um 10h un um Internetsitte vum Atelier.