Wéi d'Organisateure matdeelen, fält d'Editioun 2021 vum Siren's Call Festival wéinst den aktuelle Corona-Restriktiounen aus. Di nächst Editioun ass 2022.

2021 ass kee Siren's Call Festival. Dat deelen d'Organisateuren vum Atelier an engem Communiqué mat.

Di aktuell Corona-Restriktiounen erlaben hinnen et net, ee Festival op d'Been ze stellen.

Di nächst Editioun vum Siren's Call Festival ass de 25. Juni 2022.

D'Tickete bleiwe fir deen neien Datum gülteg.

D'Organisateuren vum Atelier betounen awer, dass de Summer nach net gelaf ass. Et wier een am gaangen, eng Rei vu klenge "Boutique Open Air Events"  op d'Been ze stellen, bei deenen di néideg Distanzen an Hygiènesreegele kënne respektéiert ginn. Detailer doriwwer sollen et ganz geschwë ginn.