Mat sengem neien Album "Labyrinth" kënnt d'Stefanie Heinzmann zeréck op Lëtzebuerg.

Méi wéi 50 Millioune Streams, ee staarke Radio-Airplay an de Swiss Music Award weisen, dass d'Stefanie Heinzmann  zu de beléiftste Popsängerinnen aus der Schwäiz zielt. Mat sengem neien Album "Labyrinth" bitt d'Sängerin op en neits ee Mix tëscht 80er-Joren-Pop an Elektro. "Sou schwiereg d'Liewen och ass, mir mussen doduerch goen", seet d'Sängerin iwwert den Albumtitel. "Heiansdo dréie mer och am Krees oder landen an enger Sakgaass, mee aus engem Labyrinth fanne mir an der Reegel nees eraus", seet hatt.  Des Liichtegkeet an Abenteuerloscht fënnt een um ganzen Album - obwuel den ënnert de schwierege Corona-Konditiounen entstanen ass.

Mat dësem neien Album kënnt di Schwäizer Sängerin och zeréck an den Atelier- fir e Concert Donneschdeg de 14. Abrëll 2022 am Atelier.

De Virverkaf fänkt den 20. Abrëll um 10h un - um Internetsite atelier.lu.

RTL

© Maximilian König