Wéinst der Corona-Pandemie muss de Concert vu OneRepublic an der Rockhal verréckelt ginn. Den neien Datum ass den 21. Abrëll 2022.

Wéi d'Organisateuren vum Atelier matdeelen, gëtt de Concert vu OneRepublic an der Rockhal op den 21. Abrëll 2022 verluecht.

U sech sollt de Concert de 24. Oktober 2021 organiséiert ginn. Wéinst der Pandemie kann deen Datum awer net gehale ginn.

D'Tickete bleiwe fir deen neien Datum gülteg.

Weider Detailer fannt der um Internetsitte vum Atelier.