Leider kann de Festival de Wiltz dëst Joer net ënnert där gewinnter Form stattfannen...

Op Grond vun där aktueller sanitärer Situatioun an duerch de Fait datt vill Artisten net op Lëtzebuerg reese kënnen, gouf d'Editioun 2021 vum Festival de Wiltz ewéi mir e kenne leider ofgesot. Acts ewéi Mando Diao, Passenger oder d'Gipsy Kings wäert een dann d'nächst Joer zu Woltz erliewe kënnen.

Trotzdeem hu sech d'Organisateure Gedanken iwwert en alternative Summer-Programm gemaach. Am Jardin de Wiltz wäert een an deenen nächste Méint bei de "Garden Sounds" an enger aussergewéinlecher Ambiance verschidde Musek-Genren erliewe kënnen.