Du bass tëscht 12 a 25 Joer al? Du mëss Musek, eleng oder an enger Band? Da maach mat beim Screaming Fields! Hei kriss de d'Infoen:

Et ass nees esou wäit: de Screaming Fields ass zeréck! Nodeems de (Mini) Festival fir Nowuess-Kënschtler d'lescht Joer wéinst der Pandemie net konnt ofgehale ginn, ass et elo nees esou wäit.
Den 10. Juli gëtt dann op enger "Boutique Open-Air"-Bün nees d'Méiglechkeet Live-Musek ze maachen, fir déi 6 Finalisten déi vum Jury ausgewielt goufen.

Beim Screaming Fields geet et drëms deene jonke Museker a Bands, déi et hei zu Lëtzebuerg ginn, hiert Talent eemol op der Bün ze weisen. Dorënner och viru Booker a Promoter aus der Musekszeen. Donieft ginn et och Präisser ze gewannen: eng Memberschaft fir de Rocklab, Workshops fir Songwriting mam "The Grund Club Luxembourg" a weider Live-Optrëtter.

Wat sinn d'Viraussetzungen?

  • Du muss den 10. Juli disponibel sinn
  • wéinstens 3 eege Lidder prett hu fir Live ze spillen
  • De Formulaire op www.screamingfields.lu ausfëllen
  • Ee Video vun enger Live-Performance oder enger Prouf era schécken (Sound- a Video-Qualitéit sinn egal)

All weider Informatiounen fannt der op www.screamingfields.lu