Groussen Open-Air Concert vum Atelier zesumme mam Domaine Thermal zu Mondorf an der Santé.

Dëse Samschdeg wäerten am Parc Thermal zu Mondorf maximal 1'500 Leit dierfen d'Musek vun der belscher Kënschtlerin Selah Sue genéissen an zesumme feieren.

An der Virband gëtt et da Musek vu lokale Kënschtler, nämlech dem Herrbender zesumme mam Edsun.

Ma mer haten d'Selah Sue awer och scho virum Concert am Interview. An do huet d'Sängerin verroden, wéi et sech elo viru sou engem Concert ganz ouni Mesure fillt. Natierlech ass do virun allem Virfreed dobäi! Iwwerhaapt freet sech déi belsch Sängerin op de lëtzebuergesche Publikum. Zesummen hu mer iwwert de musekalesche Programm vum Concert gekuckt a wat et mat senger "express yourself"-Initiativ op sech huet.

Lauschtert hei dee ganzen Interview mam Selah Sue!

Covid-Check Event

De Concert ass ouni Mask, ouni Social Distancing an natierlech och net am sëtzen. Dofir awer ëmsou méi nees zesummen! Dëst ass méiglech duerch déi nei Sanitär-Prozedur vum Covid-Check. Bei der Entrée fir de Concert mussen d'Leit dann ee QR-Code virweise kënnen vun engem zertifiéieren Schnelltest, engem negative PCR-Test, enger fäerdeger Impfung oder nodeems een nees gesond ass no enger Infektioun mam Covid-19. De ganze Site vum Domaine Thermal wäert dann och an dem Kader just accessibel si fir Leit déi um Concert dobäi sinn, fir esou fir d'Sécherheet vun de Leit ze garantéieren.

D'Diere ginn um 19h00 op.

Weider Informatioune fannt dir hei.