Et war deen éischte grousse Live-Concert ouni Restriktiounen. An d'Selah Sue huet dësen Optakt zesumme mam lëtzebuergesche Publikum gefeiert.

Et ass nees Zäit gi fir Live-Musek! Dofir hat den Atelier zesumme mam Gesondheetsministère am Domaine Thermal vu Mondorf am Park vum Domaine ee grousse Schrëtt no vir fir d'Eventszeen. Tëscht 1'100 an 1'200 Leit waren am Park zu Mondorf dobäi. Als Virband hunn den Edsun an HerrBender de Public schonn ugeheizt a musekalesch iwwerzeegt.

Géint 21h ass dunn d'Selah Sue opgetrueden. D'Freed war grouss, souwuel op wéi och virun der Bün. Zu engem Mix tëscht bekannten Hits a ganz neie Lidder ass gedanzt a gesonge ginn. Ouni Zugabe dierft d'Selah Sue dann och net goen, an ass der Opfuerderung vun de Leit am Park nokomm nach eemol lasszeleeën. Do gouf et da seng zwee Hits "Raggamuffin" an "This World".

Wéi war de Feeling da fir d'Leit? Wéi hinnen de Concert gefall huet, a wéi et nees war op engem gréisseren Event ze sinn ouni Mesure fannt der hei eraus:

Lauschtert hei eran!