Mat senger "Alles war schön und nichts tat weh" Tour wäert de Casper d'nächst Joer op Besuch am Atelier sinn!

No 3 Solo-Optrëtter an engem gemeinsame Concert mam Marteria ass et schonn déi fënnefte Kéier, dass den däitsche Museker Statioun hei zu Lëtzebuerg mécht!

Datum: 26. Mäerz 2022

Och de Release-Datum vum Casper sengem neien Album steet fest: "Alles war schön und nichts tat weh" kënnt de 25. Februar d'nächst Joer eraus!

Innerhalb vun engem Dag war de Concert komplett ausverkaaft! Lescht Ticketen kritt dir dann an nächster Zäit bei eis um Eldo.

RTL