Mat "Without You" huet The Kid LAROI säi groussen Duerchbroch gefeiert. Elo kënnt den australesche Museker fir déi éischte Kéier op Lëtzebuerg!

Millioune Streams, Plaz 1 an den amerikaneschen Charts & Major-Deal - ouni Fro gehéiert The Kid LAROI zu deene ganz groussen Nimm vun där neier Generatioun. Mat "Without You" a "Stay" huet hien zwee vun deene gréissten Hits aus de leschte Joren erausbruecht.

Den 13. Abrëll 2022 kënnt The Kid LAROI bei eis an d'Rockhal!

Tickete ginn et vum 17. September 2021 (10:00 Auer) un um Site vun der Rockhal!