Déi italienesch Rock-Band Måneskin kënnt op Lëtzebuerg an d'Rockhal! "Måneskin" ass iwweregens dänesch fir "moonlight".

2017 sinn déi 4 Museker ronderëm de Sänger Damiano David an där italienescher Editioun vun der Talent-Show "X Factor" déi Zweet ginn. Dëst Joer hu si mat hirem Song "Zitti e buoni" de Eurovision Song Contest zu Rotterdam gewonnen. Mat Lidder ewéi "I Wanna Be Your Slave" a "Beggin" hu si e weltwäiten Hype ausgeléist. Elo komme Måneskin mat hirer "Loud Kids on Tour" bei eis an d'Main Hall vun der Rockhal!

Datum: 12. Februar 2022

Tickete ginn et vun dësem Donneschden (30. September 2021) 12:00 Auer un um Site vun der Rockhal!

RTL