Den 12. November hätt de Mark Forster sollte bei eis op Lëtzebuerg an d'Al Seeërei kommen...

Zesumme mat sengem Management huet den däitsche Museker awer elo decidéiert seng Club-Tour duerch Däitschland, Lëtzebuerg an d'Belsch op en Neits ze verleeën. Dëst well aktuell nach kee reiwungslosen Oflaf vun der Tournée duerch déi 3 Länner garantéiert wier. Alleguer d'Concerten wäerten deemno am Mee 2022 stattfannen. D'Tickete behalen hir Gültegkeet!

Aktuell Datumer:
6. Mee 2022 - Triangel St. Vith (BE)
7. Mee 2022 - Al Seeërei zu Dikrech (LU)

RTL

© Screenshot Websäit