Den däitsche Rapper Kontra K verréckelt säi Concert an der Rockhal elo fir déi drëtte Kéier.

Den Kontra K sollt eigentlech schonn den 12. Mäerz 2020 an der Rockhal optrieden. Haut huet de Museker ugekënnegt, dass hien seng "Der Sonne Entgegen Tour" an d'Joer 2022 muss verréckelen. Dat ass dann déi drëtte Kéier dass de Concert ëmgebucht gëtt.

Den neien Datum ass den 10. Dezember 2022. 

D'Tickete bléiwe gülteg a mussen net ëmgetosch ginn.