Déi amerikanesch Hip-Hop Band The Black Eyed Peas hunn sech am Joer 2005 mat Lidder wéi "Pump It" oder "Mas que Nada" op der ganzer Welt an d'Playlisten vun all DJ a Radio katapultéiert. Mat hirer méi rezenter Single "RITMO" stoungen si souguer op der Platz 1 vun den Billboard Latin Charts.

Elo kommen si den 15. Juni 2022 live op Lëtzebuerg a wäerten een Open-Air Concert virun den Héichierwen bäi der Rockhal spillen. De Concert wäert am Kader vum Kulturjoer "ESCH22" ënnert dem Numm "Open Air Belval" zesumme vun der Rockhal an ESCH22 organiséiert ginn.

Dës gëtt rëm bësse méi ee grousse Concert mat engem Public mat bis zu 10.000 Visiteuren.

D'Tickets fir dësen Concert wäerten ab dem 2. November 2021 em 10:00h op rockhal.lu an d'Vente goen!