Seeed kommen zréck an de Grand-Duché. Mat am Gepäck: nei Musek! De Concert ass sold out!

Säit dem Joer 2016 huet kee Fan méi d'Berliner Reaggae-Band ronderëm de Peter Fox op der Bühn gesinn. E leschten Album ass esou guer scho 6 Joer hier, ma dëst Joer am Oktober komme Seeed zréck op Lëtzebuerg.

De Freiden, 25. Oktober 2019 spillen déi 11. Berliner Museker an der Rockhal, organiséiert vum Atelier.

Tickete fir de Concert gëtt et keng méi.

4. Alben hu Seeed bis haut eraus bruecht, den erfollegräichste war hire leschten am Joer 2012. Den Album "Seeed" sollt hiren éischten Nummer 1 Album an Däitschland ginn. 
Elo schaffen si u neie Lidder.

Bis wëll sinn 20. Concerte fir hir Hierscht 2019 Tour annoncéiert, dorënner sinn och Optrëtter an Éisträich, an der Schwäiz an eben de 25. Oktober 2019 an der Rockhal.

Fir d'lescht ware Seeed de 9. September 2015 am Atelier op Besuch. Am Joer 2013 sollten si um Rock a Field Festival spillen a kuerz duerno fir e Concert zréck an d'Rockhal kommen.

Nom iwwerraschenden Dout vun hirem Sänger Demba Nabé, am Mee 2018, war laang net kloer, wéi et mat Seeed weidergoe wäert. D'Band ëm de Peter Fox schafft aktuell nach aus, wéi hier Zukunft soll ausgesinn. Si hunn awer kloer gestallt, dat si weidermaache wäerten.

Lauschtert hei de Reportage