De beléifte britesche Songwriter kënnt mat sengem melodiéisen Indiepop zréck op Lëtzebuerg. Tickete fir de Concert gëtt et awer keng méi.
De britesche Singer/Songwriter Mike Rosenberg ass zanter e puer Joer erfollegräich mat sengem duuss-melodiéisem Indie-Folkpop ënnerwee - ënnert dem Kënschtlernumm Passenger huet hien de Lëtzebuerger Publikum schonn e puer Mol iwwerzeegt.
No sengem ausverkaaften Concert 2017 am Haff vun der Abtei Neimënster kënnt de Passenger haut den Owend zréck op Lëtzebuerg - fir e Concert am Atelier.
De Concert ass komplett ausverkaf! Tickete fannt dir eventuell nach bei eis an der Ticketbourse!
Doors: 19h00
Show: 21h00