No sengem Optrëtt 2013 kënnt de Sido haut zréck op Lëtzebuerg fir en ausverkaafte Concert an der Rockhal!

2004 krut de Sido mat der Single "Mein Block" eng éischte Kéier Opmierksamkeet a gëllt zanterhier als Haaptresponsabel fir di kommerziell Etabléierung vum däitschsproochege Gangsta-Rap.

Mam Mark Forster zesumme bréngt hien 2014 "Au Revoir" eraus a leet domat de Grondsteen fir di nei Pop Fanbase.

Dee gréisste kommerziellen Erfolleg ass him 2015 gelongen mat "Astronaut", enger Kollabo mam Andreas Bourani.

No sengem Optrëtt 2013 am Melusina kënnt de Sido am Kader vu senger aktueller Tour "Tausend Tattoos" dëst Joer zréck op Lëtzebuerg - fir e Concert haut den Owend an der Rockhal.

De Concert ass sold out - Tickete fannt dir eventuell nach an eiser Ticketbourse!

Weider Infos iwwert de Concert fannt der hei!

D'Diere ginn um 19h00 an der Rockhal op!