Revolverheld kommen haut live an d'Luxexpo The Box.

Déi däitsch Rockband ass bekannt fir Hits wéi "Spinner", "Halt dich an mir fest" an "Ich lass für dich das Licht an".

Ënnert dem Titel "Zimmer mit Blick" hu si 2018 hire 5. Studioalbum erausbruecht. Mat deem Album si Revolverheld dëst Joer op Arena-Tour a kommen dëse Sonndeg, den 8. September, live an d'Luxexpo The Box.

De Concert ass nach net sold out & Tickete ginn et nach online um Site vum Atelier oder an der Oweskeess! 

D'Diere vun der Luxexpo the Box ginn e Sonndeg um 19h00 op - Virband ass Bruckner!