Samschdes, den 18. Juli kënnt de Latino-Museker Ozuna an d'Escher Rockhal!

LF ONE PROD & Moreira Prod presentéieren de Superstar vu Puerto Rico

OZUNA @ Rockhal

De Mega-Star gehéiert zu de meescht-gestreamste Museker weltwäit a konnt sech mat Hits ewéi "La Modelo", deen hien zesumme mam Cardi B gesongen huet, en Numm maachen!

Dëst Joer, den 18. Juli, kënnt de Reggaeton-Museker mat senger Nibiru World Tour op Lëtzebuerg an d'Rockhal!

Tickete fir de Concert vum Latino-Museker ginn e Sonndeg um 17h00 an d'Vente - umelle fir Tickete kënnt dir iech elo awer schonn hei, esou verpasst dir de Start vum Virverkaf op kee Fall!

(D'Gewënner gi vun eis kontaktéiert)

OZUNA Nibiru World Tour - samschdes den 18. Juli live an der Rockhal!