De Milow kënnt sonndes den 29. September mat neier Musek zréck op Lëtzebuerg.

Den 29. September kënnt de belsche Sänger fir e Concert an den Atelier. De Milow kuckt zréck op e sëlleche Präisser wéi en MTV Europe Music Award, grad wéi Nummer-1-Hits, Gold- a Platin-Alben.  Am Summer koum mam Titel "Lean Into Me" dee 6. Studioalbum vum Popstar eraus.

Am Atelier huet de Milow awer net just di nei Lidder am Programm, mee och Klassiker wéi "Ayo technology" an "You don’t know".

Tickete kritt der wéi gewinnt um Site vum Atelier.

D'Diere vum Atelier ginn um 19h00 op - et wäert kee Support Act spillen.