The Faim kommen eng éischte Kéier live op Lëtzebuerg
Déi australesch Band gouf zejoert mat der Single "Summer is a curse" bekannt. Dëst Joer si si op hirer éischter Headliner-Tour duerch Europa a kommen dëse Mëttwoch, de 4. September, eng éischte Kéier live an d'Hollerecher Strooss an den Atelier.
De Concert ass nach net sold out & Tickete kritt een nach online um Site vum Atelier oder an der Oweskeess!
D'Diere ginn e Mëttwoch um 19h00 op - Virband ass "The Woes".