© eldoradio
Den Tom Walker iwwerzeegt nees ouni vill Konfetti, dofir awer mat enger wahnsinneger Stëmm!
Um 8 Auer huet et mat der Virband dem Charlotte OC schonn zimlech gutt ugefaangen. Eng immens präsent Stëmm. Passend fir sou e Kaliber wéi den Tom Walker an ze leeden.
Um 9 Auer war et dunn um Haaptact. Pénktlech betrëtt de Walker d'Bühn. Wéi ëmmer ganz spartanesch. 4 LED-Sailen. Méi brauch et net. Engem Tom Walker géif een och an der Groussgaass nolauschteren.
Säi Concert war nach besser wéi deen d'lescht Joer am Abrëll an de Rotonden. De sympathesche Kärel ass nach méi "präsent" ginn, huet nach méi Power.
© eldoradio
Eng gutt Band, eng gigantesch Stëmm iwwerzeegen och 2019. Egal op "My way", , "how can you sleep at night", "Blessings", "You and I" oder seng Zugaben mat ënnert anerem sengem "leave a light on" iwwerzeegen de Lëtzebuerger Public.
© eldoradio
E ganz gudde Concert vun engem -nach ëmmer muss ee soen- Newcomer.
4,5 vu 5 Stären!