No sengem Optrëtt 2015 um Rock-A-Field kënnt den däitsche Rapper Kontra K zréck op Lëtzebuerg.

De Kontra K gehéiert zu den erfollegräichsten a beléiftste Rapper an Däitschland. No 3 Alben um Stéck op Plaz 1 vun den däitschen Album Charts huet och säin aktuellen 8. Album "Sie wollten Wasser doch kriegen Benzin" d'Charts gestiermt.

Op senger "Die letzten Wölfe"-Tour spillt hien a groussen Arenaen an dreift souguer déi un hir Grenzen.

Wéinst der extrem héijer Nofro no Tickete goufen elo zousätzlech Concerten ugekënnegt- ënner anerem och zu Lëtzebuerg.

Donneschdes den 12. Mäerz 2020 spillt de Kontra K live an der Escher Rockhal.

D'Dieren an der Rockhal ginn um 19h00 op - Weider Infos an Tix fannt der hei!