
© Eldoradio
Mat "Leiser" huet déi däitsch Musekerin Lea en éischten Hit gelant. Elo kënnt et zréck op Lëtzebuerg!
Den Atelier presentéiert haut den Owend d'Lea live am Atelier.
Déi däitsch Singer- a Songwriterin kënnt mat 2. Alben an enger Handvoll bekannter Songs fir e Concert op Lëtzebuerg. Schonn am Juni war d'Musekerin am Kader vun der Diddelenger Fête de la Musique am Grand-Duché.
Eleng säin Hit "Leiser" huet op Spotify iwwer 40 Millioune Streams.
Tickete kritt dir nach online hei oder an der Oweskeess!
D'Diere vum Atelier ginn den Owend um 19h00 op - Am Virprogramm spillt um 20h00 déi éisträichesch Sängerin Mathea!
Den Haaptact fänkt um 21h00 un.
