Den James Blunt kënnt zréck op Lëtzebuerg - fir e Concert live an d'Rockhal.

Den Debütalbum "Back to Bedlam" an d'Nummer-1-Single "You're Beautiful" vum Sänger James Blunt hunn hien 2005 bekannt gemaach. Zanterhier ass de britesche Songwriter schonn e puer Mol hei zu Lëtzebuerg opgetrueden.

Dëst Joer huet hie sech mat sengem neien Album "Once Upon a Mind" zréckgemellt. Mat dësem Album a mat senge bekannten Hits wéi "You’re Beautiful" kënnt den James Blunt zréck op Lëtzebuerg - fir e Concert donneschdes de 5. Mäerz 2020 an der Rockhal.

D'Diere vun der Rockhal ginn haut um 18h00 op - Virband ass "Emily Roberts".

Tickete ginn et um Site vum Atelier oder an der Oweskeess.