Den James Arthur kënnt dëst Joer an den Atelier - De Concert ass leider scho sold out!

D'lescht Joer huet den englesche Sänger James Arthur, als ee vu wéinege Kënschtler, mam Lidd "Say you won't let go" iwwer 1 Milliard Streams op Spotify erreecht.

Den 18. Oktober ass säin neien Album "You" mat Singele wéi "Naked", "Falling Like The Stars"  an "Empty Space" erauskomm.

Mat dësem villverspriechenden Album kënnt hie live de 7. Februar 2020 an den Atelier!

De Concert ass leider scho sold out - Tickete fannt dir eventuell nach an eiser Ticketbourse!

D'Dieren am Atelier ginn um 19h00 op - Am Virprogramm spillen "Emily Burns & Jamie Grey"!