© Robin Marchant / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP
D'X Ambassadors kommen dëse Samschdeg mat hirem aktuellen Album an den Atelier!
2015 sinn d'X Ambassadors mam Titel "Renegades" bekannt ginn - de Song hat déi New Yorker Band fir eng Autosreklamm produzéiert.
Am Juni 2019 huet di amerikanesch Band hiren drëtten Album "Orion" erausbruecht. Mat dësem Album komme si dann e Samschdeg, den 29. Februar mat neien an ale Songs an den Atelier.
D'Dieren am Atelier ginn e Samschdeg um 19h00 op - als Virband trëtt "Terrell Hines" op!
Tickete kritt dir nach hei oder an der Oweskeess!