Mighty Oaks kommen dëst Joer fir e Concert op Lëtzebuerg!

Mat der neier Single "All Things Go" huet d'Folk-Band Mighty Oaks och de Release vun engem neien Album bekannt ginn. Wéini genee den neie Longplayer erauskënnt hu si awer nach net verroden, just esouvill: iergendwann ufanks 2020.

Nieft dem neien Album hunn d'Mighty Oaks awer och nach eng grouss Clubtour duerch Europa annoncéiert. Den 21. Februar 2020 maache si och e Stopp an de Rotonden hei zu Lëtzebuerg.

Tickete ginn et hei!