D’Concertssaison 219 ass bal eriwwer. Chrëschtpartyen dominéieren am Dezember den Agenda- e puer Concerten sollt iech awer net entgoen loossen.

De 4. Dezember Muer dierft sech de Wee an d’Rockhal sécher lounen. Mam Dennis Lloyd  kënnt der hei een jonke Museker aus Israel live gesinn, dee sech awer längst iwwert seng Heemecht eraus bekannt gemaach huet. Bekannt ass den Dennis Lloyd duerch Hits wéi “Nevermind” an „Never Go Back”.

De 5. Dezember En Donneschdeg kënnt deen erfollegräichsten Import aus Éisträich zréck op Lëtzebuerg. De Parov Stelar gëllt als Grënner vum Elektro-Swing. Zanter 15 Joer iwwerzeegt hien mat sengem eenzegaartege Sound. Mat sengem neien Album „The Burning Spider*“ kënnt hien en Donneschdeg live an d’Rockhal.

Live am Atelier gesinn kënnt der dëse Mount den däitschen Hip-Hop-Museker Luciano. Hien kombinéiert moderne Rap mat gudde Melodien an huet mat sengem leschten Album d’Spëtzt vun den Hip-Hop-Charts erreecht. De 15. Dezember trëtt hien live am Atelier op.

Tickete gewanne kënnt der wéi gewinnt op Eldoradio an eldo.lu