Mando Diao kommen zréck op Lëtzebuerg!

Am Oktober 2019 hu Mando Diao hiren aktuellen Album "BANG" erausbruecht, dorop war ënnert anerem di bekannte Single "Long Long Way".

No hiren Optrëtter 2018 an 2019 am Atelier, komme Mando Diao dann och dëst Joer fir e Concert bei eis op Lëtzebuerg. Den 2. Juli 2020 spille si op der Bün vum Festival de Wiltz!

Tickete kritt dir um Site vum Atelier - wéini genee de Virverkaf ugeet ass awer nach net gewosst.