D'Alicia Keys huet den neien Datum fir säi Concert an der Rockhal bekannt ginn.

Mat senger neier Single  "Underdog" a mat sengem neien, a mëttlerweil 7. Studioalbum "Alicia" kënnt di amerikanesch Sängerin live op Lëtzebuerg.

U sech sollt dee Concert samschdes den 11. Juli an der Rockhal sinn.

Wéinst der Coronakris gouf dee Concert annuléiert- an deen neien Datum steet elo fest. De Concert ass deemno de 16. Juli 2021 an der Rockhal.

De Virverkaf hat de 27. Januar ugefaangen, di regulär Ticketen sinn awer mëttlerweil schonn ausverkaaft. Ze kréie si just nach "Early Entry Tickets" oder "VIP Meet & Greet Tickets".

Weider Infos an Tix kritt dir um Site https://www.rockhal.lu/